Haut presentéiere mir iech déi nei Single vu Fast Boy!

Fakten: 
De Berliner Produzenten- an DJ-Duo Fast Boy mellt sech mat hirem neisten Dance-Hit "Good Life" zeréck! Mam Song wëlle si och an Zäite vu Krisen Hoffnung verbreeden. "Natierlech ass d'Welt an där mir liewen wäit dovun ewech perfekt ze sinn. 'Good Life' soll e Reminder sinn, dass an eis ganz vill Guddes stécht, mir musse just genee kucken", heescht et an engem Statement. Fast Boy vermëschen Indie-Aflëss mat elektronescher Danzmusek a liwweren esou dee perfekte Soundtrack fir eng laang Club-Nuecht oder e sonnege Roadtrip.

Aussergewéinleches:
Déi zwee Museker vu Fast Boy si Bridder. De Felix an de Lucas hunn hir Karriär als Produzenten, Songwriter, Sänger an Instrumentaliste fir aner Kënschtler*inne gestert. Elo widmen déi Zwee hir Kreativitéit a Skills dem eegene Projet Fast Boy. Ënnert anerem hunn déi Zwee et scho bis op d'Mainstage vum Tomorrowland Winter gepackt.

Fréier Hits:
2022 konnte Fast Boy iwwer 125 Millioune Streams op Spotify verbuchen. Hir gréisst Erfolleger konnte si mat der Topic-Kollaboratioun "Forget You" an dem Track "Bad Memories" realiséieren. Dës Songs waren an diverse Länner op der Plaz 1 vun den Airplay-Charts gelant. Duerch weider Kollaboratioune mat Meduza, Alok, Öwnboss, Hugel, Ofenbach, Martin Jensen oder Alle Farben hu Fast Boy sech en Numm an der Zeen gemaach.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Meduza, Tiësto, Topic & Robin Schulz