Haut presentéiere mir iech deen neie viralen Hit vum Kenya Grace!

Fakten:
No sengem Ofschloss un der renomméierter Academy of Contemporary Music an England, huet d'Kenya Grace sech enger musikalescher Karriär gewidmet. Mat "Strangers" released hatt elo déi éischt Single iwwert den Dance-Label 'Major Recordings" vu Warner Records. Pulséierend Synthesizer-Melodië kreesen ëm en Drum'n'Bass-Beat. Dem Grace seng duuss, heiansdo esouguer gehauchte Stëmm séngt vun enger Bezéiung, déi an hirer finaler Phas ukomm ass: "Then one random night when everything changes, you won't reply and we'll go back to strangers."

Aussergewéinleches:
Wärend dem Lockdown huet hatt Live-Performance-Videoen aus senger Schlofkummer op Instagram eropgeluden an ass domat viral gaangen. Och deen neie Song "Strangers" ass an deene leschte Wochen op TikTok viral gaangen, well d'Kenya Grace scho virun där offizieller Verëffentlechung e Snippet eropgelueden hat.

Fréier Hits:
Mat senge Songs "Afterparty Lover" a "Meteor" huet d'Brittin dëst Joer schonn op sech opmierksam gemaach. Seng Aflëss kommen haaptsächlech aus Drum'n'Bass, UK-Garage-Sounds an 90er-House-Vibes. A Groussbritannien gëtt d'Kenya Grace schonn als neit Dance-Phenomeen gehandelt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Jazzy, Peggy Gou, Raye & PinkPhantheress