
Haut presentéiere mir iech deen neien Track "Something On My Mind" vu Purple Disco Machine, Duke Dumont an Nothing But Thieves!
Fakten:
Et ass eng zimmlech ongewéinlech Kombinatioun, déi awer richteg gutt funktionéiert. Den däitsche Produzent Purple Disco Machine zitt den onverkennbaren Indie-Sound vun Nothing But Thieves an dem Conor Mayson senger Stëmm a säin Disco-Universum mat eran. Ausserdeem bedeelegt ass den englesche Producer Duke Dumont. "Something On My Mind" strotzt vun Dynamik a bréngt mat den Indie-Elementer deen néidegen Twist.
Aussergewéinleches:
Nieft alleguer sengen Hits huet de Purple Disco Machine a senger Karriär och schonn e Grammy gewonnen. Dëst Joer gouf hien an der Kategorie "Best Remixed Recording, Non-Classical" fir säi Remix vum Lizzo sengem Hit "About Damn Time" ausgezeechent.
Fréier Hits:
De Radio-Duerchbroch huet de PDM mat der Sophie-And-The-Giants-Kollaboratioun "Hypnotized" realiséiert. Duerno koumen Hit-Singles ewéi "Fireworks", "Dopamine" oder "Substitution". Mat Sophie and the Giants huet hien ausserdeem d'Tracks "In The Dark" a "Paradise" erausbruecht.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Kungs, Weiss, Claptone & Tensnake