Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum Kylie Minogue!

Fakten:
No "10 out of 10" an der Summer-Single "Padam Padam" huet d'Kylie Minogue elo den Titeltrack vu sengem neien Album "Tension" erausbruecht. De Song ass en Dancefloor-Smasher a mécht definitiv Loscht op de Longplayer, deen den 22. September erauskënnt. Am Ganze wäerten 11, bei der Deluxe-Versioun esouguer 14 Tracks mat drop sinn. An engem Statement vun der Plackefirma heescht et, dass den Album pure Spass a vill positiv Pop-Melodië brénge wäert.

Aussergewéinleches:
"Tension" wäert dem Kylie Minogue säi 16. Studio-Album ginn. Matgeschafft huet ënnert anerem den hollänneschen DJ a Produzent Oliver Heldens. Net ewéi soss hunn d'Aarbechten um neie Wierk an engem Studio stattfonnt, mee d'Kylie a säin Team haten en AirBnb gelount.

Fréier Hits:
Mat "Can't Get You Out Of My Head" oder "I Should Be So Lucky" huet d'Kylie Minogue absolutt Klassiker erausbruecht. D'Kënschtlerin ass mat iwwer 80 Millioune verkaaften Alben d'highest-selling female Australian artist of all time. Am Laf vu senger Karriär huet déi vun der europäescher Press betitelt "Princess of Pop" ee Grammy Award, dräi Brit Awads a 17 ARIA Music Awards gewonnen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Madonna, Janet Jackson, Gwen Stefani & Robyn