
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum Tate McRae!
Fakten:
Déi kanadesch Kënschtlerin huet ugekënnegt, dass hatt säin Image als 'Sad Girl Songwriterin' ofleeë wëll an elo a senger Pop-Girl-Ära ukomm wier. Mat "greedy" huet hatt elo e richtege Self-Confidence-Banger erausbruecht. "Ech hu 'greedy' iwwert d'Confiance geschriwwen, déi een huet wann ee genee weess wat ee wëll", esou d'Tate McRae an engem Statement. Weider heescht et: "D'ass déi éischte Kéier dass ee meng temperamentvoll a spilleresch gesäit, dee Song kënnt warscheinlech zimmlech onerwaart."
Aussergewéinleches:
Zesumme mam Track ass natierlech och e Musek-Video erauskomm. Schonn am Virfeld hat d'Musekerin op TikTok matgedeelt, dass d'Dänzerin an him mat "greedy" zeréckkomme géif. Am Musekvideo kritt een deemno eng beandrockend Choreo mat richtege Killer-Moves ze gesinn!
Fréier Hits:
Mat "you broke me first" huet d'Tate McRae 2020 den éischte grousse Welt-Hit vu senger Karriär geliwwert. Duerno hat hatt ënnert anerem Succès mam Track "she's all i wanna be", deen um 2022er Debut-Album "i used to think i could fly" mat drop war. Rezent war d'Kollaboratioun "10:35" mam Tiësto zimmlech erfollegräich.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Mimi Webb, Lauren Spencer-Smith, Julia Michaels & Olivia Rodrigo