Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum Sia!

Fakten:
Déi australesch Sängerin huet seng ganz nei Single erausbruecht a gläichzäiteg en neie Longplayer fir dat nächst Fréijoer ugekënnegt! Dësen dréit den Titel "Reasonable Woman" a ka vun elo u virbestallt ginn. Weider ass bekannt ginn, dass et eng op 500 Stéck limitéiert mandarinne-faarweg Vinyl-Editioun wäert ginn. Mat "Gimme Love" ass elo och schonn deen éischte musikalesche Virgeschmaach dobaussen. D'Sia presentéiert sech a Pop-Topform a bréngt eis eng Melodie déi matrappt, futuristesch Synthies an eng Hook, déi genee esou kléngt ewéi déi Hooks déi d'Sia grouss gemaach hunn.

Aussergewéinleches:
"Reasonable Woman" ass dem Sia säin éischte wierkleche Solo-Pop-Release säit "1000 Forms of Fear" vun 2014. Dotëschent hat d'Kënschtlerin "This Is Acting" mat Lidder déi hatt fir aner Artist*inne geschriwwen hat an de Chrëschtdagsalbum "Everyday Is Christmas" erausbruecht. 2021 hat hatt mam Film "Music" och säin ëmstriddenen Debut als Regisseurin ginn.

Fréier Hits:
Mat Songs ewéi "Chandelier", "Cheap Thrills" oder "Unstoppable" huet d'Sia de groussen internationalen Duerchbroch gepackt. Dobäi kommen eng ganz Partie Kollaboratioune mat Kënschtler ewéi Major Lazer, Sean Paul oder Kendrick Lamar. Zesumme mam Labrinth an Diplo hat d'Sia ausserdeem de Projet LSD an d'Liewe geruff, mat deem si Lidder ewéi "Thunderclouds" oder "Genius" released hunn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Carly Rae Jepsen, Emiliana Torrini, Jessia & Bishop Briggs