
© YouTube Screenshot
Haut presentéiere mir iech déi nei Kollaboratioun vu Michael Schulte a R3hab!
Fakten:
Ganz nom Motto "Never change a winning team" hunn den däitsche Singer/Songwriter Michael Schulte an den internationalen Top-DJ R3hab sech op en Neits zesummegedoen a "Better Me" erausbruecht. Et ass déi lescht Single-Auskopplung aus dem Schulte sengem neien Album "Remember Me", deen den 29. September erauskënnt. "Ech sangen esougär op Dance-Beats an d'Rees mam R3hab weiderzeféieren, fillt sech einfach gutt un. A 'Better Me' geet et ëm d'Erkenntnis, dass ee mat deene richtege Leit a sengem Liewen och selwer zu engem bessere Mënsch ka ginn", esou den Däitschen.
Aussergewéinleches:
Am Mäerz vun dësem Joer haten déi zwee Kënschtler de gemeinsamen Track "Waterfall" erausbruecht. De Song huet mëttlerweil iwwer 70 Millioune Streams generéiert an d'europäesch Airplay-Charts dominéiert. D'Nummer-1-Positioun gouf et ënnert anerem a Polen, der Slowakei an Tschechien. An Däitschland war et d'Plaz 3.
Fréier Hits:
Mat "You Let Me Walk Alone" ass de Michael Schulte grouss erauskomm. Mat dësem Song war de Kënschtler fir Däitschland beim Eurovision Song Contest 2018 ugetrueden an hat déi 4. Plaz erreecht. Et war dat bescht Resultat zanter dem Lena senger Victoire am Joer 2010.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen eppes fir iech:
Felix Jaehn, Zoe Wees, Bosse & Robin Schulz