Haut presentéiere mir iech déi nei Kollaboratioun vu Zara Larsson an David Guetta!

Fakten:
Déi schwedesch Kënschtlerin huet no "Can't Tame Her" an "End Of Time" eng weider nei Single erausbruecht. "On My Love" ass eng Kollaboratioun mam David Guetta an där et ëm Bezéiunge geet, déi engem esouvill bedeiten, dass een alles dofir géif ginn. "Ob dat elo eng platonesch Bezéiung ass, e Familljemember, e Lover, eng Frëndschaft oder wat och ëmmer - mir brauchen alleguer eng Persoun déi eis einfach nëmme Freed gëtt, schliisslech geet et am Liewe virun allem dorëms", seet d'Larsson iwwert den Track.

Aussergewéinleches:
Zesumme mam Track ass och e Musekvideo vun "On My Love" erauskomm. Ze gesi sinn d'Zara Larsson a seng Schwëster Hanna déi de Feierowend an der Sonn genéissen. Et ass iwweregens net déi éischte Kéier dass d'Schwedin mam David Guetta zesummeschafft. 2016 haten déi Zwee déi offiziell UEFA-EURO-Single "This One's For You" produzéiert.

Fréier Hits:
Mat sengem Solo-Track "Lush Life" ass d'Zara Larsson 2015 international bekannt ginn. Gréisser Erfolleger goufen et och mat den Tracks "Ain't My Fault" oder "Ruin My Life". Dobäi kommen e puer grouss Kollaboratioune mam Alesso, Young Thug, Kygo oder Clean Bandit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Mabel, Rita Ora, Bebe Rexha & Tove Lo