Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum David Kushner!

Fakten:
Den amerikanesche Singer/Songwriter David Kushner ass zeréck mat senger neier Single "Dead Man". Et ass déi drëtt Single-Auskopplung aus sengem Debut-Album. Fir de Release huet de Museker mat Produzenten- a Kënschtler-Gréissten ewéi Wesley Schultz (The Lumineers), David Baron (Shania Twain) oder Rob Kirwan (Hozier, U2) zesummegeschafft. "Dead Man" handelt vu Konflikter déi ee mat sech selwer huet an déi keng aner Persounen novollzéie kann.

Aussergewéinleches:
Mat iwwer 1 Milliard globale Streams a manner ewéi 12 Méint, méi ewéi 3 Millioune Monthly Listeners op Spotify, 25 Millioune YouTube-Views an iwwer 116 Milliounen TikTok-Likes huet den David Kushner sech bannent ganz kuerzer Zäit eng grouss Fanbase opgebaut. Och op der Bün konnt de Kushner iwwerzeegen. Ënnert anerem stoung hie mam Dean Lewis a LAUV op der Bün. Donieft huet hie Festival-Optrëtter an eng ausverkaaften Headline-Tournée a Groussbritannien, der USA an Neiséiland gespillt.

Fréier Hits:
Mat sengen zwee Tracks "Miserable Man" a "Mr. Forgettable" konnt den David Kushner eng éischte Kéier grouss Erfolleger feieren. Béid Songs waren op senger Debut-EP "Footprints I Found" mat drop. D'lescht Joer ass dunn "Daylight" op de soziale Medie viral gaangen an explodéiert!

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Tom Odell, Kenya Grace, Doja Cat & Peggy Gou