Den James Hype huet de 90er Hit "Don't Let Go (Love)" vun En Vogue opgepeppelt!
Fakten
De Brit James Hype ass direkt mat sengem éischte Song an d'Top 10 vun de briteschen Charts erageklommen. Bis e vu BBC Radio One entdeckt gouf, huet en a verschiddenene Londoner Clubs opgeluecht. Elo profitéiert den Dj vun der Ennerstetzung vum britesche Sender. An de leschte Joren huet den James Hype e.a scho Lidder vum Sage The Gemini a vu Clean Bandit geremixt. Mat "More Than Friends" liwwert hien méi wéi secher säin éischte Nummer 1 Hit.
Aussergewéinleches:
Den Text aus der neier James Hype Single dierft Iech bekannt virkommen. 1997 war de vir e Grammy nominéiert. Am Joer virdrun hunn d'Musekerinnen vun En Vogue mat "Don't Let Go (Love) e Nummer 1 Hit gelant gehat. Iwwer 50 verschidde Versiounen vun dem Lidd huet de Brit an de leschten zwee Joer gemixt, éier en zefridde mam Resultat war.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Calvin Harris, Avicii & Kungs
Lauschtert eran: