Am Juni hunn d'Imagine Dragons hire neien an 3. Album "Evolve" erausbruecht. Mat "Whatever It Takes" ass elo di 3. Single do.

Fakten
Mat "Believer" an "Thunder" hunn d'Imagine Dragons an de leschte Méint 2. Hits an den Charts plazéiert. "Whatever It Takes" ass de neien an 3. Release vun hirem 3. Album "Evolve". "Whatever It Takes" start extrem schnell a liwwert dann de gewinnten Imagine Dragons Sound.  Virun den Aarbechten um neien Album hunn di 4. Museker eng éischte Kéier eng Paus ageluecht. Nodeems Si 4. Joer gefillt just op Tour oder am Studio waren, huet et di Paus gebraucht, éier u neiem Material konnt geschafft ginn.

Aussergewéinleches:
Mam neie Song "Whatever It Takes" hunn d'US Amerikaner en 360 Grad Lyrics-Video-Clip erausbruecht.

Fréier Hits
Mat "It's Time" hunn d'Imagine Dragons Mëtt 2012 eng éischte Kéier vu sech schwätze gedoen. Spéitsdens mam 2. Release vum Album "Night Visions", dem Song "Radioactive" ass hinnen am nämmlechte Joer den Duerchbroch gegléckt. De Song sollt d'Plaz 3 an den US Charts erreechen, ma a Groussbritannien d'Top 10 awer verpassen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Bastille, One Republic & Twenty One Pilots

Lauschtert eran: