De Beck presentéiert mam Titel "Dear Life" eng nei Single aus sengem 13. Studioalbum "Colors".

Fakten
Den amerikanesche Songwriter Beck mellt sech am Hierscht zréck mat engem neien Album. Ënnert dem Titel „Colors“ kënnt den 13. Oktober dee mëttlerweil 13. Studioalbum eraus . Et ass den Nofolger dem Album vun 2014, „Morning Phase“ dee dono jo den Grammy fir de beschten Album vum Joer gewonnen hat. Elo scho gëtt et di nei Single „Dear Life“.

Fréier Hits
1994 gouf de Folkrocker weltwäit bekannt, allerdéngs net mat sengem éischten Major-Album "Mellow Gold", mee mat der Singleauskopplung Single "Loser". Dee melodéisen Song ass deemools an all Indie-Disco gelaf. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Eels, The Raconteurs, Arcade Fire

Lauschtert eran: