Mat "Come" hat di franséisch Musekerin Jain en éischten Hit. Den 2. Jain-Song ass elo duerch eng Reklamm ërem um kommen.

Fakten
Am Dezember 2015 stoung dem Jain säin "Makeba", zweete Release vu sengem Debutalbum "Zanaka" op der Plaz 15 vun de franséischen Charts. Elo ass de Song duerch eng Reklamm zréck an den Charts. De Song geet an d'Richtung Dance-Pop, ma afrikanesche Rhythmus ass och dra gemixt.

Aussergewéinleches:
De Song ass Soundtrack vun der neier Levi's Reklamm. Am Clip vu 90 Sekonnen bréngt dem Jain säin "Makeba" d'Leit vu verschiddene Kulturen, wéi och Jonk an Al zesummen.

Fréier Hits
Mat "Come" huet d'Musekerin vun Toulouse 2015 op sech opmierksam gemaach. De Song war op der éischter Jain EP, wéi och um Debutalbum "Zanaka" drop.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Emiliana Torrini, Asa.

Lauschtert eran: