No der Single "What About Us" ass d'Pink elo zréck mam neien Titel Single "Beautiful Trauma"
Fakten
Den 13. Oktober bréngt d'Pink säin neien Album "Beautiful Trauma" eraus. Am Virfeld presentéiert hatt den Titeltrack als nei Single.
Aussergewéinleches:
Viru senger Solocarrière war d'Pink Member a verschiddene Girlgroups. Verschidde Produzenten hunn dunn aus him ee wäissen R'n'B Star gemaach.
Fréier Hits:
Am Joer 2000 koum säin Debütalbum "Can't Take Me Home" op de Maart, a schonn déi éischt Single "There You Go" huet Plaz 7 vun de US Billboard Charts erreecht. Weltwäit berühmt gouf hatt 2 Joer méi spéit mam Album "Missundaztood" an den Hits "Get The Party Started" grad wéi "Just Like A Pill". 2002 krut hatt de Grammy fir d'Interpretatioun vum Song "Lady Marmalade" zesumme mam Lil' Kim, Mya a Christina Aguilera.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Anastacia, Christina Aguilera, Alanis Morissette
Lauschtert eran: