Mam Song "Kogong" lancéiert de Mark Forster de Re-Release vu sengem Album Tape, deen am November mat akustesche Songs nei erauskënnt.

Fakten
Am Juni 2016 huet de Mark Forster säin Album "Tape" erausbruecht. En Album mat dem en aktuell op Tour ass. De 24. November wäert eng nei Versioun vum Platin-Album erauskommen, mat drop: 5 akustesch Lidder. Ma bis dohin soll dem däitsche Museker seng nei Single op de Radiostatiounen lafen, de Song "Kogong".

Aussergewéinleches:
Wa mir mol méi genee op eist Häerz géife lauschtren, da géif eis opfaalen, dat et "Kogong" mëscht, esou de Mark Forster. Et ass seng Inspiratioun fir säi neie Song gewiescht. An Zukunft wëll de Museker dann och méi oft op säin Häerz lauschteren.

Fréier Hits:
Richteg bekannt ass de Mark Forster 2013 duerch de Sido ginn. Am Sido sengem "Einer dieser Steine" huet hien de Refrain gesongen. Alt rëm un der Säit vum Sido sollt dann am Joer duerno "Au Revoir" erauskommen an e WM Hit an Däitschland ginn. Aus sengem aktuellen Album "Tape" sinn d'Lidder "Wir sind groß", "Chöre" a "Sowieso" zu Hits ginn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Max Giesinger, Tim Bendzko & Andreas Bourani

Lauschtert eran: