Galantis presentéieren di nei Singel aus hirem 2. Studioalbum "The Aviary" .

Fakten
Ënnert dem Titel "The Aviary" huet dat schwedescht Producer-Team Album elo deen 2. Album eraus bruecht. Nieft scho de bekannte Singelen "Love On Me" an "No Money" ass hei och di nei Single "Tell Me You Love Me" ze fannen.

Aussergewéinleches:
De Bandmember Christian Karlsson hat schonn an de fréien 2000er internationalen Erfolleg als Produzent. Ënnert dem Numm "Bloodshy" huet hien ënner anerem mam Jennifer Lopez, Madonna a Britney Spears zesumme geschafft. Ënner sengem eegenen Numm gouf hien Enn vun den 2000er als Member vu Miike Snow bekannt.

Fréier Hits:
Galantis ass ee Musiksprojet vun den 2 Schweden Christian Karlsson an Linus Eklöw. Bekannt goufen si 2014 duerch den internationalen Hit "Runaway". Weider Hits waren "No Money" an "Love On Me".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Avicii, Martin Garrix, Zedd

Lauschtert eran: