De britesche Sänger presentéiert déi éischt Single aus sengem neien Album "Heaven Before All Hell Breaks Loose"

Fakten:
Den 13. Abrëll 2018 kënnt mat "Heaven Before All Hell Breaks Loose" (HBAHBL) deen neien Album eraus vum BRIT-Award-Gewënner. Et ass dat éischt neit Wierk zanter  "iLLManors" vun 2012. Elo scho presentéiert den britesche Sänger seng nei Single "Heartbeat", déi hien zesumme mam Kwabs an Al Shux geschriwwen huet. De Song kombinéiert dem Plan B säin eenzegartege Gesang mat soulege Beats an Héngerhautmelodien.

Fréier Hits:
2010 hat de Plan B mam Album "The Defamation of Strickland Banks" eng Nummer 1 a  Groussbritannien. An deem Joer hat hien mat der Single "She Said" och den internationalen Duerchbroch.

Aussergewéinleches:
Fir den neien Album huet de Plan B fir d'éischte Kéier mat anere Songwriter a Produzenten zesumme geschafft, dorënner Arrow Benjamin ("Runnin’" von Naughty Boy ft. Beyonce), Foy Vance (Ed Sheeran), Fred Gibson (Ellie Goulding, Charli XCX) an Kid Harpoon (Florence and the Machine, HAIM). 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Macklemore, Labrinth, Mark Ronson

Lauschtert eran: