De Kygo presentéiert eng weider Single aus sengem neien Album, deen Ufank November eraus kënnt.
Fakten:
Den norwegeschen DJ Kygo presentéiert seng nei Single "Never Let You Go," zesumme mam britesche Soulpop-Sänger John Newman. D'Lidd ass déi 2. Single vum Kygo sengem neien Album "Kids in Love", dee soll den 3. November eraus kommen.
Fréier Hits:
De Kygo gëllt als ee vun de bekanntsten Interpreten vum Tropical House, woufir och seng Debüt-Single "Firestone" steet. Dono hat hien weider Hits - wéi zum Beispill "Stole the Show " an "It ain't me".
Aussergewéinleches:
De Kyrre Gørvell-Dahll ass ënnert sengem Kënschtlernumm Kygo ënnerwee. D'Aussprooch vu sengem Pseudonym gëtt souwuel an norwegescher (kyːɡuː), wéi och englescher Form (kaɪɡoʊ) gebraucht.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Robin Schulz, Sam Feldt, Felix Jaehn
Lauschtert eran: