Nothing But Thieves kommen de 7. Dezember mat hirem neien Album live an den Atelier.
Fakten:
Mat hirem Debütalbum goufen d'Briten als eng vun de gréissten Newcomerbands vun der Rockmusek gefeiert. 2 Joer dono koum den 8. September 2017 den Nofolger "Broken Machine". D'Ballade "Sorry" léisst vill Plaz fir dem Conor Mason seng Stëmm a kéint der Band den definitiven Duerchbroch bréngen.
Aussergewéinleches:
Hiren Debütalbum gouf 2016 zum meescht verkaaften Debüt vun enger britescher Band an den USA.
Fréier Hits:
Een éischte Singlehit haten si mat "Wake Up Call", deen an de Rockcharts erfollegräich war. Den Debütalbum huet Plaz 7 an de briteschen Charts erreecht, deen neien Album souguer Plaz 2.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Wolf Alice, Imagine Dragons, Cage The Elephant
Lauschtert eran: