Di brasilianesch Sängerin Anitta an de kolumbianesche Sänger J. Balvin presentéieren een neie potentiellen Latino-Hit!
Fakten:
Di brasilianesch Sängerin Anitta huet d'Musiks-Industrie am Stuerm eruewert a war als lescht ënner anerem op engem Song mam Iggy Azalea ze héieren („Switch“). Elo huet di 24 Joer al Sängerin hir Fans iwwerrascht mat der Single „Downtown“, zesumme mam Kolumbianer J Balvin. Dat ass iwwregens net di éischt Kollaboratioun vun deenen 2: schonn um offizielle Remix vun „Ginza“, der Lead Single vum J Balvin sengem Album „Energía“, war d'Anitta mat dobäi.
Aussergewéinleches:
De Latin-Pop-Sänger J. Balvin huet schonn 2009 säin éischte Plackekontrakt ënnerschriwwen, ee Joer dono huet hie sech mat sengem Debütalbum "Real" a sengem Heemechtsland en Numm gemaach. Säin éischte gréisseren Hit ausserhalb vu Kolumbien verdankt den J. Balvin dem US-Amerikaner Robin Thicke, deen hien fir d'Latin-Versioun vu sengem Hit "Blurred Lines" mat an d'Boot geholl huet.
Fréier Hits:
Dem J. Balvin seng Single "Mi Gente" war een vun den erfollegräichste spueneschsproochege Lidder vun Joer an huet an iwwer 25 Länner Top-10-Platzéierungen erreecht.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Nicky Jam, Pitbull, Luis Fonsi
Lauschtert eran: