Di australesch Newcomerband Confidence Man iwwerzeegt mat enger funkeger Debüt-Single!
Fakten:
Confidence Man ass eng Band aus Australien - 4 Museker déi sech zanter engem Joer an hirer australescher Heemecht en Numm gemaach huet. An hire Lidder iwwerzeegen si mat melodiéisem eletroneschen Dancepop. Och di nei Single „Boyfriend“ bitt extrem funkege Sound deen d’Leit wëllt un d’Danze bréngen - Musek déi e bëssen un 90er Jore Bands wéi Fatboy Slim erënnert.
Aussergewéinleches:
D'Musek vun Confidence Man ass extrem funkeg. D'Museker hunn sech mat hire Lidder folgend Ziel gesat: “is about dancing and getting down.”
Fréier Hits:
Confidence Man ass eng Newcomerband, déi elo probéiert, sech mat der Debüt-Single "Boyfriend" en Numm ze maachen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Fatboy Slim, LCD Soundsystem
Lauschtert eran: