De schotteschen Newcomer presentéiert eng nei Single.
Fakten:
De schottesche Museker Tom Walker presentéiert seng nei Single "Leave A Light On". D'Lidd gouf vum Steve Mac produzéiert, deen ë. a. och fir dem Ed Sheeran säin „Shape Of You“ responsabel war. Seng lescht EP "Blessings" gouf vum Jim Abbiss (Adele, Arctic Monkeys, Kasabian) mat produzéiert.
Aussergewéinleches:
Mat sengen Verëffentlechungen huet den Tom Walker bis ewell méi wéi 50 Millioune Streams erreecht, seng Single "Heartland", déi vun Naughty Boy mat geschriwwen a produzéiert gouf, war aus dem Programm vou Radio One net méi ewech ze denken.
Fréier Hits:
De Singer/Songwriter huet mat sengem Song "Just You & I" dëst Joer säin éischten Hit an den USA gelant, hien huet mat sengem Optrëtt an der NBC Today Show begeeschtert an gouf vill bei BBC Radio One gespillt.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tom Grennan, JP Cooper, James Arthur
Lauschtert eran: