Den James Arthur presentéiert déi éischt Single aus sengem 3. Album, dee soll 2018 eraus kommen.

Fakten:
Deen 29 Joer ale Museker huet mam Song "Naked" een éischte Virgeschmaach op säin 3. Album eraus bruecht. Den Track gouf zesumme mam Hitgarant Max Martin geschriwwen a geet a Richtung Gospel. Als Inspiratioun déngt dobäi d'Musiksikone George Michael, seet den James Arthur: "Gospel ass eppes, wat mir ganz wichteg ginn ass. Ech si kee besonnesch reliéise Mënsch, awer dës Musek - si huet sou vill Energie. Ech hunn d'George Michael-Dokumentatioun gesinn an do ass mir bewosst ginn, wéi hien Gospelaflëss an d'Popmusek bruecht huet a wéi schéin d'Resultat ka kléngen."

Aussergewéinleches:
Nieft "Naked" schafft de Castingshow-Gewënner scho fläisseg u weidere Songs. Kierzlech huet hien mam Ryan Tedder zesumme geschafft, dem Frontmann von OneRepublic, un engem Song iwwert seng Léift zum Wäin. "Mir hunn ee Song mam Numm "Drink The Wine" geschriwwen. Ee Béier, ee Glas Whiskey oder ee Glas Routwäin ass meng Belounung no engem Concert. Et hëlleft mir dobäi, erof ze kommen an ass dofir eng Belounung."

Fréier Hits:
Den James Arthur hat virdrun Hits wéi "Impossible", oder "Say You Won't Let Go"

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
James Bay, JP Cooper, Shawn Mendes

Lauschtert eran: