D'BBC huet d'Billie Eilish op d'Lëscht gesat vun den intressantsten Newcomer, déi eis 2018 erwaarden.
Fakten:
D'Billie Eilish bréngt mat “Bellyache” een Indie-Pop-Song eraus a packt domat den internationalen Duerchbroch. Matgeschriwwen a co-produzéiert gouf de Song vu sengem Brudder Finneas O’Connell. An engem Statement iwwert den Track seet d'Sängerin: “Bellyache ass ee fiktive Song. Ech schreiwe gäeren iwwer Saachen, déi net reell sinn. Et geet drëm, kengem ze vertrauen, mee just nach sech selwer. Oder z'erkennen, dass Saachen, déi's du an enger Grupp gemaach hues a wou's du gemengt hues si wären cool, um Enn dach domm waren. Also am Fong geet et drëm dat ze maachen, wat's du fir richteg häls an net wat aner Leit vun dir wëllen.”
Aussergewéinleches:
D’BBC huet an hirer schéiner Traditioun elo hir nei Lëscht eraus bruecht, mat den 16 intressantsten Newcomer 2018. D’Lëscht gouf vun iwwer 170 Experten aus der britescher Museksindustrie zesumme gesat. Déi 15 Joer al Newcomerin Billie Eilish ass déi jéngsten Kënschtlerin, déi jee hei nominéiert gouf.
Fréier Hits:
D'Billie Eilish gëtt grad réischt mat der Single "Bellyache" bekannt.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Halsey, Lorde, Tove Lo
Lauschtert eran: