De Craig David presentéiert seng nei Single “I Know You” feat. Bastille am Virfeld vum neie Studioalbum "The Time Is Now", deen am Januar eraus kënnt.

Fakten:
De 26. Januar 2018 bréngt de britesche Sänger Craig David mat „The Time Is Now“ dee 7.  Album a senger Carrière eraus. Mam Titel „I Know You“ - eng Zesummenaarbecht mat Bastille - presentéiert hien elo déi 2. Single. Nieft „I Know You“ sinn um Album ë.a. Kollaboratiounen mat JP Cooper, Kaytranada a Goldlink.

Aussergewéinleches:
D'Band Bastille huet sech nom „Stuerm op d'Bastille“ de 14. Juli 1789 benannt. Deen Dag war den Ufank vun der Franséischer Revolutioun an ausserdeem huet de Sänger Dan Smith och de 14.Juli Gebuertsdag. 

Fréier Hits:
De Craig David ass an der Museksszene een alen Hues. Hien hat ënner anerem Hits wéi Rise & Fall (2002) an Walking Away (2000). Di Londoner Band Bastille ass spéitstens zanter „Things We Lost In The Fire“ (2013) feste Bestand an der Museksszene.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Olly Murs, James Arthur, Jonas Blue

Lauschtert eran: