“Unknown (To You)” ass déi 1. Single vum Jacob Banks sengem Debüt-Album.
Fakten:
Dee 26 Joer ale Museker kritt international Top-Kritiken a spillt ausverkaafte Shows zu London an New York. Den Englänner mat nigerianeschen Originnen huet mat 20 Joer ugefaangen mat sangen, Gittar ze spillen a Lidder ze schreiwen. An Open-Mic-Concours'en krut hien séier Opmierksamkeet.
Aussergewéinleches:
Ee vun de schlëmmsten Aspekter bei Trennungen ass de Gedanken, dass déi Persoun, déi deemools säi Liewen mat dir gedeelt huet, enges Dags ee Friemen wäert sinn. Genee ëm dee schlëmme Moment gete et am Jacob sengem aktuelle Song “Unknown (To You)”.
Fréier Hits:
2013 huet den Jacob seng EP “The Monologue” eraus bruecht, mat där hien als Support-Act vun Emeli Sande an Alicia Keys opgetrueden ass. Dono koumen d'EPen “The Paradox” an“The Boy Who Cried Freedom”.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rag'n'Bone Man, Kwabs, Maverick Sabre
Lauschtert eran: