Portugal.The Man presentéieren mat "Live In The Moment" eng weider Single aus dem Album "Woodstock".

Fakten:
No "Feel it still" presentéieren Portugal. The Man eng weider Single aus dem aktuellen Album "Woodstock". D'Lidd ass och um aktuellen FIFA-Soundtrack ze fannen.

Aussergewéinleches:
D'Band hat schonn een neien Album an der Këscht, wéi den Donald Trump President gouf. Aus Iwwerzeegung, dass dëse politesche Changement misst um neien Album present sinn, hunn d'Museker dee fäerdegen Album ewech geworf an een neie geschriwwen. Resultat: "Woodstock".

Fréier Hits:
No Platin-Status an den USA an a ville weidere Länner ass d'Single "Feel It Still" elo offiziell deen erfollegräichsten Crossover-Hit zanter 5 Joer an Amerika.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Cage The Elephant, Nothing But Thieves, Arcade Fire

Lauschtert eran: