De britesche Shootingstar presentéiert eng nei Single aus sengem Debütalbum "Lightning Matches".
Fakten:
"Royal Highness" staamt aus dem Tom Grennan sengem Debütalbum „Lighting Matches“, deen den 9. Mäerz 2018 eraus kënnt. Dorop ass ënner anerem och d'Single „Something in the Water“ ze fannen. „Royal Highness“ ass am Verglach zu deem Song e bësse méi poppeg produzéiert.
Aussergewéinleches:
Als Teenager wollt den Tom Grennan Profifuttballspiller ginn. Hien huet sech dunn awer fir d'Musek decidéiert. Dës Decisioun dierft den 21 Joer ale Sänger kaum bereien.
Fréier Hits
2016 huet den Tom Grennan seng Debüt-EP "Something In The Water" eraus bruecht. Den Titeltrack war deen éischte groussen Hit fir de Museker.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tom Walker, Lewis Capaldi, JP Cooper
Lauschtert eran: