Déi 28 Joer al Musikerin vu London iwwerzeegt mat enger souleg-waarmer Stëmm.

Fakten:
Seng Musek beschreift d'Sinéad Harnett als eng Mëschung aus Soul, Hip Hop an R'n'B – awer mat engem modernen Zougang. Dee liwweren di elektronesch Elementer a senge Lidder. Seng éischt EP, "N.O.W.", ass am August 2014 eraus komm. Den Debütalbum léisst awe op sech waarden.

Aussergewéinleches:
Entdeckt gouf d'Sinead bei enger Theater-Performance op der Uni, am AIDS-Drama «Angels in America«. No deem Optrëtt krut hatt eng Propose vum Londoner Rapper Wiley, deen eng Duett-Partnerin gesicht huet. Hien huet de Song geschriwwen, hatt huet de Gesang opgeholl  a kuerz dono ass de Song op BBC 1 Xtra gelaf.

Fréier Hits
Di talentéiert R’n’B-Sängerin huet als éischt Lidder mat Disclosure a Rudimental opgeholl. Et dauert bis 2013, bis d'Sinead Harnett ënner eegenem Numm Lidder opgeholl huet an seng éischt Single „Got Me“ eraus bruecht huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rosie Lowe, Zak Abel, Izzy Bizu

Lauschtert eran: