De belschen DJ a Produzent presentéiert eng nei Single.

Fakten:
De Regi Penxten ass een Trance an Elektro Producer an DJ vun Hasselt an der Belsch. Schonn als Kand huet hien ugefaangenm mat verschiddene Sounds z'experimentéieren an mat 18 huet hien sneg 1. EP eraus bruecht. Säin 1. Soloalbum, "REGIstrated", ass 2007, an huet hien a der belscher Dance- an House-Szene wméi bekannt gemach.

Aussergewéinleches:
De Regi ass och responsabel fir e sëllechen Trance Projecten an der Belsch , dorënner Milk Inc. an Sylver.

Fréier Hits
De Regi huet bis ewell 3 Soloalben eraus bruecht, déi allen 3 d'Top 10 vun de belschen Albumcharts erreecht hunn. De Regi hat an der Belsch grad wéi an Holland och schonn e puer Singelen an den Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Avicii, Jonas Blue, DJ Snake

Lauschtert eran: