D' Amerikanerin Lizzo mécht alternativen Hip-Hop a presentéiert elo eng nei Single
Fakten:
D'Melissa Viviane Jefferson mécht Musek ënnert sengem Kënschtlernumm Lizzo. Hatt ass eng alternative Hip-Hop Kënschtlerin vun Minneapolis, Minnesota, a presentéiert elo eng nei Single mam Thema "Boys".
Aussergewéinleches:
D'Lizzo ass net just solo aktiv, mee och Grënnungsmember vu verschiddenen Indie Hiphop-Bands wéi The Chalice, Grrrl Prty, The Clerb, Ellypseas, an Absynthe.
Fréier Hits
Virdrun hat d'Lizzo sech scho mat Lidder wéi “Water Me”, “Truth Hurts”, an “Fitness” bekannt gemaach. Den Time-Magazine huet d'Lizzo am Joer 2014 op d'Lëscht gesat vun den "14 music artists to watch in 2014".
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Missy Elliott, Janelle Monae, Beyoncé
Lauschtert eran: