Di britesch Soulsängerin presentéiert den Titeltrack vu senger aktueller EP als nei Single.

Fakten:
"If You Stay" ass déi nei Single an den Titeltrack vum Alex Hepburn senger neier EP mam selwechten Numm. Den neien Album soll am Hierscht eraus kommen an un de Succès vum Debütalbum "Together Alone“ (2013) uknäppen. Produzéiert goufen di nei Lidder vum Craigie Dodds a Pete Boxta, déi an der Vergaangenheet ë.a. fir Gorillaz, Amy Winehouse, an James Arthur, geschriwwen a produzéiert hunn.

Aussergewéinleches:
D'Alex Hepburn seet iwwert deen neien Album: „Bedauerlecherweis hat ech keng einfach Vergaangenheet, awer et muss een d'Saachen vun hirer positiver Säit gesinn. Mäin Album a meng Texter kommen ëmmer aus dem déifsten Häerzen an ech sinn immens stolz op dëst Wierk.“

Fréier Hits
Bekannt gouf d'Alex Hepburn mat senger Single "Under", déi aus sengem Debütalbum "Together Alone" staamt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Pink, Selah Sue, Imany

Lauschtert eran: