Di amerikanesch Sängerin presentéiert déi 1. Single vu sengem 2. Album "K.T.S.E.".
Fakten:
D'Teyana Taylor ass eng Musekerin, Dänzerin, Actrice a Model aus den USA. Als éischt huet d'Teyana Taylor mam Pharrell zesumme geschafft. Dunn huet hatt de Label gewiesselt. Säin neien mëttlerweil 2. Album "K.T.S.E." gouf awer elo vum Kanye West produzéiert.
Aussergewéinleches:
Heiansdo seet ee Saachen déi ee guer net esou mengt. An domat aus Versehen deen anere verletzt. Dowéinst ass eng kloer Aussprooch wichteg. Dorëms geet et och an "Gonna Love Me": Oppen an éierlech mat där Persoun ëmzegoen, déi ee gäeren huet.
Fréier Hits
An den USA ass d'Teyana Taylor scho méi laang bekannt. D'Sängerin huet scho mam Usher a Chris Brown zesumme geschafft. Awer och seng eege Lidder kënne sech lauschtere loossen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Alicia Keys, Janelle Monae, Beyoncé
Lauschtert eran: