Matt And Kim presentéieren déi nei Single vum 6. Studioalbum “Almost Everyday”.
Fakten:
Matt And Kim sinn een US-amerikaneschen Indie-Pop-Duo vu Brooklyn, New York. “Glad I Tried” ass déi neiste Single vum Duo. Als special guests sinn de Kevin Ray vun Walk the Moon ze héieren, den Travis Hawley vun Night Riots, an Santigold. Den Isom Innis vun Foster The People huet de Remix gemaach. D'Single ass um aktuellen Album, “Almost Everyday,” deen am fréie Summer eraus koum.
Aussergewéinleches:
De Matt erkläert den Album “Almost Everyday” domat, dass 2017 kee gutt Joer fir den Duo war. D'Kim war depressiv ginn, an dat war eng schlëmm Zäit fir di 2 Museker. Weider seet de Matt, dass hien ëmmer schonn héieren huet dass Museker de Songwriting als Therapie benotzt hunn. Fir hien selwer war dat ni sou wouer wéi mam aktuellen Album “Almost Everyday”.
Fréier Hits
2006 hunn Matt & Kim hiren Debütalbum eraus bruecht, an dee gouf souwuel vun de Kritiker wéi och vun de Fans begeeschtert opgeholl. Matt And Kim hunn och schonn op renomméierte Musikfestivaller gespillt wéi de Lollapalooza an de South by Southwest.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Saint Motel, Walk The Moon, Peter Bjorn And John
Lauschtert eran: