Di italienesch Band The Kolors ass zréck mat "Come Le Onde" zesumme mam italienesche Rapper J-AX
Fakten
The Kolors goufen 2010 zu Neapel gegrënnt. Mëttlerweil ass den Trio wäit iwwert seng Landesgrenzen eraus bekannt. Di aktuell Single "Come Le Onde" zesumme mam italienesche Rapper J-AX huet et schonn an di italienesch Charts gepackt. D'Lidd ass um aktuellen Album "Come le Onde" ze fannen.
Aussergewéinleches
D'Band ass 2015 an Italien bekannt ginn, wéi si d'Castingshow "Amici di Maria De Filippi" gewonnen hunn.
Fréier Hits
Hiren 2. Album vun 2015 gouf an Italien mat Véierfach-Platin ausgezeechent a stoung do 13 Wochen un der Spëtzt vun den Album-Charts. Am selwechte Joer waren si bei den MTV EMA's nominéiert. Dorop ze fannen war d'Single "Why Don’t You Love Me?". Deen aktuellen Album "You" huet et an hirer Heemecht op Plaz 4 gepackt.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Neon Trees, Young The Giant, Saint Motel