D'Aya Nakamura ass eng franséisch R&B-Sängerin, wat am Mali gebuer gouf.
Fakten
D'Aya Nakamura verbënnt Aflëss vun Urban Pop, Afrobeat a Reggeaton zu engem summerleche Mix. De Video zu "DjaDja" gouf schonn 35 Millioune Mol geklickt. D'Single huet et bis op Plaz 1 vun de franséische Single-Charts gepackt. "Djadja" ass di 1. Single vu sengem 2. Album.
Aussergewéinleches
D'Aya Nakamura staamt aus enger Famill vu Griots (traditionell westafrikanesch Geschichtenerzieler, an Dichter) an ass dat eelst vu 5 Geschwëster. Nodeems seng Famill a Frankräich emigréiert war, huet d'Aya an der Banlieue vu Paräis gewunnt. Hatt huet Moudecours'en gemaach an ugefaange Musek ze maachen, woufir hatt sech den Numm Nakamura zou geluecht huet, benannt no der Figur Hiro Nakamura an der Science-Fiction-Serie "Heroes" (NBC).
Fréier Hits
D'Aya Nakamura, wat 1995 als Aya Danioko zu Bamako am Mali op d'Welt koum, ass eng franséisch R&B-Sängerin, wat 2017 säin Debütalbum "Journal Intime" eraus bruecht huet. Den Album huet et op Plaz 6 vun de franséischen Charts gepackt, an d'Hit-Single "Comportement" ervir bruecht.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lartiste, Louane, Julien Doré
Lauschtert eran: