No "Downtown" (ft. J Balvin) mellt sech di 25 Joer al Brasilianerin zréck mam Reggaeton-Track "Medicina".
Fakten:
De südamerikanesche Superstar Anitta ass zréck: "Medicina" huet en dynamesche Reggaeton-Beat, exotesch Dschungeltrommelen an eng gutt Dosis Erotik. Am Video reest di 25 Joer la Sängerin mat sengem Song eemol rondërem d'Welt a mécht ënner anerem an Afrika, Indien, China a Südamerika Statioun, fir sech mat ënnerschiddlechen Dänzer a Stiler – vu Ballett bis zu Stammesdanz – zu de Kläng vu "Medicina" ze bewegen.
Aussergewéinleches:
Am September zejoert huet d'Anitta säi bis ewell ambitionéierteste Projet "CheckMate“ gestart, mam Ziel, op onbestëmmten Zäit all Mount een exklusive Video eraus ze bréngen. Deen éischte Release war "Will I See You", eng Kollaboratioun mam Producer, Poo Bear, wou d'Anitta komplett op Englesch séngt. Dono koumen ënner anerem Kollaboratiounen wéi "Is That For Me" mam schwedeschen Star-DJ / Producer Alesso, "Downtown" mam kolumbianesche Kollegen J Balvin am di südamerikanesch All-Star-Kollabo "Vai Malandra“ feat. Mc Zaac, Maejor ft. Tropkillaz & DJ Yuri.
Fréier Hits:
Di brasilianesch Sängerin Anitta huet d'Musiks-Industrie am Stuerm eruewert a war ënner anerem op engem Song mam Iggy Azalea ze héieren („Switch“). Zejoert huet di 24 Joer al Sängerin hir Fans iwwerrascht mat der Single „Downtown“, zesumme mam Kolumbianer J Balvin.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
J Balvin, Selena Gomez, Demi Lovato
Lauschtert eran: