Den amerikanesche Museker Two Feet huet eng nei Single zesumme mat der Sängerin Madison Love

Fakten:
Den New Yorker Museker Bill Dess ass ënnerwee ënnert sengem Kënschtlernumm "Two Feet". Hien ass Sänger, Gittarist a Producer a gouf mam Titel "Go Fuck Youself" bekannt. Op SoundCloud huet dee Song eleng um éischten Dag méi wéi 8 Millioune Streams erreecht an 250 Millioune Streams bis haut. Seng nei Single huet hien mat der amerikanescher Sängerin Madison Love opgeholl.

Aussergewéinleches:

De Bill Dess huet a lokalen Jazz- a Bluesbands gespillt ier hien de Projet "Two Feet" gegrënnt huet.

Fréier Hits:
D'Single "I Feel Like I'm Drowning" huet et op Plaz 2 vun den Alternative Charts gepackt a gouf bis haut méi wéi 50 Millioune Mol gestreamt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tom Walker, Tom Grennan, Dean Lewis

Lauschtert eran: