Den New Yorker Duo presentéiert eng weider Single mat der Sängerin Emily Warren
Fakten:
De Future-Bass-Duo huet sech an der neier Single vum düsteren EDM-Sound distanzéiert a setzt méi op Good Vibes, Disco-Stëmmung a summerlech Energie. D'New Yorker Jongen haten virdru scho bei "Don’t Say”, "My Type” a "Paris” mat der Sängerin Emily Warren zesumme geschafft.
Aussergewéinleches:
An engem Interview mam Billboard-Magazine hunn d'Jongen e bëssen iwwer d'Inspiratioun zu hire Lidder geschwart. Déi kënnt vu richtegen Erliefnisser a Gedanken. Vrun allem den Afloss vum Internet op Frëndschaften, Bezéiung an d'Gesellschaft beschäftegt d'Chainsmokers staark. Si selwer schwätzen vun "futuristescher Mentalitéit“. Klor, dass di 2 och grouss Sience-Fiction-Fans sinn a Serien wéi "Black Mirror“ kucken.
Fréier Hits
Am Joer 2014 hat den Duo mam Song #Selfie de weltwäiten Duerchbroch. No engem Genre-Wiessel konnten si 2016 mat Roses an Don’t Let Me Down den Erfolleg vun hirer Debütsingle iwwertreffen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kygo, Sigala, Zedd
Lauschtert eran: