Op der neier Single "Happy Now“ schafft den DJ Zedd mat der Newcomerin Elley Duhe zesummen.
Fakten
De Zedd huet scho mat Sängerinnen wéi Selena Gomez, Hailee Steinfeld, Ariana Grande, an Alessia Cara zesumme geschafft. Mat "Happy Now“ liwwert hien deen nächste Pop-Hit. Zesumme mam Elley Duhé experimentéiert de Zedd mat däitlech méi organeschen Instrumenter wéi a sengen EDM-Tracks. Gittaren a Piano bestëmmen de Song däitlech méi wéi elektronesch Beats, déi ee vum Zedd gewinnt ass.
Aussergewéinleches
De Zedd ass musikalesch zwar beim EDM doheem. Inspiratioun fir seng Musek hëlt hien sech awer och gäre bei Gittaremusek vun der Band Silverchair oder experimenteller Musek vu Radiohead. Och "Happy Now“ ass éischter ee Pop- wéi een Elektro-Track.
Fréier Hits
De Zedd ass ee vun den ugesotsten däitschsproochegen DJen a Produzenten vun eiser Zäit. Ënner anerem seng Single “Clarity” gouf mat engem Grammy ausgezeechent.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Calvin Harris, Galantis, David Guetta
Lauschtert eran: