Den Uptempo-Dance-Pop Song „Secrets“ staamt vum aktuellen, 7. Album "Beautiful Trauma".

Fakten
D'Pink liwwert di nächst Single aus sengem aktuellen Album "Beautiful Trauma". An den USA war et deen 3.-meeschtverkaaften Album vum Joer a gouf mat Platin ausgezeechent. An der Single "Secrets" geet et ëm di kléng a grouss Geheimnisser, déi all Mënsch mat sech rondërem dréit.

Aussergewéinleches:
Viru senger Solocarrière war d'Pink Member a verschiddene Girlgroups. Verschidde Produzenten hunn dunn aus him ee wäissen R'n'B Star gemaach.

Fréier Hits:
Am Joer 2000 koum säin Debütalbum "Can't Take Me Home" op de Maart, a schonn déi éischt Single "There You Go" huet Plaz 7 vun de US Billboard Charts erreecht. Weltwäit berühmt gouf hatt 2 Joer méi spéit mam Album "Missundaztood" an den Hits "Get The Party Started" grad wéi "Just Like A Pill". 2002 krut hatt de Grammy fir d'Interpretatioun vum Song "Lady Marmalade" zesumme mam Lil' Kim, Mya a Christina Aguilera.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Anastacia, Christina Aguilera, Alanis Morissette

Lauschtert eran: