Den amerikanesche Rapper gëllt als ee vun den intressantsten Newcomer 2018.
Fakten
Den Jez Dior ass een Hiphop-Museker vun L.A., dee mat Hip Hop- a Rock-Elementer experimentéiert an dobäi ee ganz eegene Genre schaaft. Als Aflëss nennt hien sou ënnerschiddlech Artisten wéi Kanye West, The Doors, Eminem an Nirvana. Seng nei Single „Cocaine“ gouf vum Matt Rad produzéiert (Lupe Fiasco, Thirty Seconds To Mars“.
Aussergewéinleches:
Den Jez Dior ass de Fils vum Punk-Rocker Steve Dior an hien huet a senger Jugend vun Drogen iwwer Doudesfäll an enger futtiisser Famill schonn alles erlieft hat. Dat eenzegt Gutt dorun: fir seng Musek huet hien genuch Material, fir a senge Lyrics ze verschaffen.
Fréier Hits:
Mat Singelen wéi „Sober“ an „2 Birds“ huet hien sech zejoert bekannt gemaach.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
G-Eazy, Hoodie Allen, French Montana
Lauschtert eran: