New Yorker Newcomer presentéiert dynameschen Elektropop-Song
Fakten
Den "Just Loud" ass een Newcomer deen de Moment zu New York doheem ass. Säi richtegen Numm hält de Sänger nach geheim. A senger Musek fënnt ee ganz vill ënnerschiddlech Stiler: Alternative-Pop, Soul awer och eng gutt Portioun Electro. Seng nei Single "Electrified" ass absolut danzbar, awer mat perséinlche Lyrics. Et geet nämlech ëm d'Erwuesseginn. Nach dëst Joer soll säin Debütalbum eraus kommen.
Aussergewéinleches:
Den "Just Loud" kënnt aus engem kléngen Duerf am US-Staat Virginia. Do war alles zimlech streng. Kirch a Schoul, dat war et och schonn. Mëttlerweil huet den "Just Loud" all dat hannert sech gelooss a lieft sech a senger Musek aus.
Fréier Hits:
Vru kuerzem hat Just Loud seng Debüt-EP eraus bruecht. Dorop ass och de Radiohead-Cover "Creep" ze fannen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
The Faim, Gnarls Barkley, Sam Sparro
Lauschtert eran: