De Zayn presentéiert di 4. Single vu sengem 2. Soloalbum
Fakten
Ufank August huet de Zayn di nei Single “Too Much” zesumme mam Produzent Timbaland eraus bruecht. No “Let Me”, “Entertainer” an “Sour Diesel” ass et déi 4.Singleauskopplung aus sengem 2. Album. Wéini den Album eraus kënnt, ass nach net gewosst.
Aussergewéinlches:
2010 huet hien am Alter vu 17 Joer bei der Castingshow The X Factor matgemaach. Dono hunn d'Juroren vun der Show, Nicole Scherzinger a Simon Cowell, mat him, dem Harry Styles, Liam Payne, Louis Tomlinson an Niall Horan d'Boygroup One Direction gegrënnt. Zesummen hu si 4 Alben eraus bruecht an mat 4 Singelen Plaz 1 vun de briteschen Charts erreecht.
Fréier Hits
Dem Zayn säin éischte Studioalbum Mind of Mine huet 2016 Plaz 9 an Däitschland a Plaz 1 an den USA an a Groussbritannien erreecht.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Shawn Mendes, Cahrlie Puth, Nick Jonas
Lauschtert eran: