No 3 Joer Paus mellt di amerikanesch Soulsängerin sech zréck mat neier Musek

Fakten
Mam Titel "Shame" presentéiert d'Elle King déi éischt Single aus sengem neien a mëttlerweil 2. Album. Fir den Album huet d'Sängerin nach keen Titel an och nach kee Release-Datum bekannt ginn.

Aussergewéinleches. 
Wéi hatt am Alter vun 9 Joer d'Musek vun der Punkrock-Girlband The Donnas héieren huet, huet hatt decidéiert, Sängerin ze ginn. Mat 13 Joer huet hatt ugefaangen, Gittar ze spillen. Spéider koum och de Banjo dobäi.

Fréier Hits
Gläich mat sengem Debütalbum "Love Stuff" huet d'Elle King virun 2 Joer ofgeraumt. Nieft weltwäiten Top-10-Platzéierungen gouf d'Kalifornierin och fir 3 Grammy-Awards nominéiert. D'Single "Ex’s & Oh’s" war e groussen Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Meghan Trainor, Halsey, Ellie Goulding

Lauschtert eran: