No sengem groussen Hit "Mine" ass de Bazzi elo zréck mat enger neier Single zesumme mam Camila Cabello
Fakten
De Fils vun engem libanesesche Papp an enger amerikanescher Mamm gouf zu Dearborn, am US-Staat Michigan gebuer an ass de Moment zu Los Angeles doheem. Fir säin originellen Stil krut hien vill Opmierksamkeet, an de Bazzi ass längst och fir aner Kënschtler ee gefrote Kreativpartner: Hien huet scho mat Kënschtler wéi Flo Rida, a Chris Brown zesumme geschafft, an elo huet hien zesumme mam Camila Cabello d'Single "Beautiful" eraus bruecht. Hei geet et drëm, wéi schéin d'Liewe ka sinn, wann ee verléift ass. Fir säin Album „Cosmic“, deen dëst Joer eraus komm ass, huet hien bei allen Tracks selwer d'Instrumenter agespillt.
Aussergewéinleches.
Viru sengem Duerchbroch hat de Bazzi säin eegene YouTube-Channel mat Cover-Videon. Wéi hien gemierkt huet, dass hien selwer Musek maache wëllt, huet hien alles gelöscht a komplett nei ugefaangen. Elo komme just nach seng eege Songs an d'Netz.
Fréier Hits
De Popsänger Bazzi huet et mat der Single "Mine" eng éischte Kéier an d'Billboard Hot 100 gepackt.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Post Malone, Liam Payne, Justin Bieber
Lauschtert eran: