De Matoma presentéiert am Virfeld vu sengem Debütalbum eng nei Single zesumme mam Enrique Iglesias.

Fakten
Den norwegesche Powerhouse-Producer Matoma bréngt seng nei Single "I Don't Dance (Without You)" zesumme mam King of Latin Pop, Enrique Iglesias, eraus a setzt nach e Feature vum jamaikaneschen Dancehall-Star Konshens uewendrop. Resultat ass ee summerleche Sound mat gudde Melodien. Dobäi kënnt deen onverkennbare Latin-Flair vum Enrique Iglesias. De 24. August bréngt de Matoma säi laang erwarten Debütalbum "One In A Million" eraus.

Aussergewéinleches. 
De Matoma huet als Kand geléiert Piano spillen an hien huet ee Concours gewonnen. Spéider hunn hien sech mat der Museksporduktioun um Computer beschäftegt.

Fréier Hits
De Matoma produzéiert zanter 2015 een Hit nom aneren am Beräich Tropical House. Den Enrique Iglesias zielt zu den erfollegräichste Latino-Museker weltwäit. No groussem Succès a Südamerika an den USA, raumt hien och an Europa of. Ënner anerem hat hien 2016 de Summerhit "Duele El Corazón".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Luis Fonsi, Pitbull, Jason Derulo

Lauschtert eran: