De Calvin Harris huet eng nei Single zesumme mam Sam Smith eraus bruecht.
Fakten
No Kollaboratioune mam Dua Lipa ( "One Kiss",) Rihanna ("This Is What You Came For"), Ellie Goulding ("I Need Your Love") a villen aneren huet de Calvin Harris elo e weidert Lidd zesumme mat engem aneren Museker eraus bruecht. An zwar huet de schottesche DJ dëse Freideg offiziell seng nei Single “Promises” virgestallt. An déi ass mat engem anere wéi de britesche Sänger Sam Smith entstanen. D’Single huet eng Melodie déi direkt an d’Ouer geet, ee Beat deen un "One Kiss" erënnert an natierlech de Gesang vum Sam Smith – dat versprécht ee groussen Hit ze ginn.
Aussergewéinleches
Den Adam Richard Wiles alias Calvin Harris huet sech scho fréi fir elektronesch Musek intresséiert. Am Joer 1999 huet hien éischt Demo'en opgeholl. Vu senger schottescher Heemecht aus huet hien op senger Myspace-Säit verschidde Solo-Songs gepoust. Am Laaf vun de Joeren krut hien vill Fans op der Social-Media-Plattform. Duerch seng Bekanntheet am Internet gouf och de Manager Mark Gillespie op hien opmierksam, deen de Calvin Harris doropshin ënner Kontrakt geholl huet.
Fréier Hits
Den Debut-Album "I Created Disco" ass 2006 eraus komm an huet et un d'Spëtzt vun de briteschen Dance-Charts gepackt. Säin 2. Studio-Album "Ready for the Weekend" ass op Plaz 1 vun de briteschen Album-Charts geklommen. 2011 hat de Calvin Harris zesumme mam Rihanna di gemeinsam Single "We Found Love". Säi leschte groussen Hit war "One Kiss" zesumme mam Dua Lipa.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Zedd, Avicii, David Guetta
Lauschtert eran: