Bastille sinn zréck - un der Säit vum amerikanesche Produzent an DJ Marshmello!
Fakten:
Den amerikaneschen DJ a Produzent Marshmello, deen an der Vergaangenheet scho mam Anne-Marie, Logic, Khalid an James Arthur, zesumme geschafft huet, presentéiert elo eng nei Single mat der britescher Band Bastille.
Aussergewéinleches
De Song "Happier" gouf schonn 2017 geschriwwen, elo réischt fënnt en als Kollaboratioun säi Wee bei eis.
Fréier Hits
De Marshmello huet sech bannent 3 Jor zu engem vun de bescht bezueltsten DJs vun der Welt gemausert. De Mann mam opfällegen Helm ass niewebäi och nach ee ganz erfollegräiche Produzent am Beräich EDM-Pop. Mat “Silence“ a “FRIENDS“ sinn dem Marshmello 2 grouss Hits gelongen. Di britesch Band Bastille hat an der Vergaangenheet erfollegräich Singelen wéi “Pompeii”, “Things We Lost in the Fire” an “Of the Night”.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Imagine Dragons, Two Door Cinema Club, OneRepublic
Lauschtert eran: