Leoniden kommen den 28. November fir e Concert an d'Rotonden.

Fakten:
Klassesch als Schülerband gegrënnt, gëtt et Leoniden, (am Ufank nach „Leoniden Cabaret“), mëttlerweil schonn zanter iwwer 13 Joer. Nodeems deen éischte Label, bei deem si ënnerschriwwen haten, Faillite gaangen ass, hunn si hiren eegene Label gegrënnt, bei deem am Februar 2017 och den Debütalbum eraus komm ass. Den 2. Album "Again" kënnt de 26. Oktober op de Maart. Nom Titel "Kids" presentéieren Leoniden eng weider Single doraus.

Aussergewéinleches:
Vun hirem Song "Nevermind" soll et 127 Versiounen ginn. Der Band ass et wichteg, dass all Mënsch mat der Musek averstanen ass.

Fréier Hits:
Den Debütalbum krut exzellent Kritiken, méi wéi 3,5 Milliounen mol goufen hir Songs gestreamt, Vinyl-Pressungen a Concerte goufen ausverkaaft.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Milky Chance, Bilderbuch, Phoenix

Lauschtert eran: